Kokedama Geldbam

15,00

1 vorrätig

De Geldbam (Crassula ovata) ass eng Sukkulent, dat heescht se spaichert vill Waasser an hire Blieder. En ass eng ganz beléift Zëmmerplanz an och relativ einfach ze fleegen. Dëse Kokedama huet ca 7 cm Duerchméisser.

__________

The jade plant (Crassula ovata) is a succulent, which basically means it retains a lot of water in its leaves. It is a pretty popular house plant and relatively easy to care for. This kokedama is approx. 7 cm in diameter.

1 vorrätig

Kategorie:

Beschreibung

Kokedama ass japanesch an heescht ongeféier dat selwecht wéi “Moosball”. Et ass eng al Technik, déi a Japan ganze beléift ass. Amfong ass et eng Bull aus enger Buedemmëschung, déi mat Moos stabiliséiert gëtt. De Moos hëlleft och de Buedem fiicht ze hale fir dass d’Planz gutt wuesse kann.

Wéi versuergen ech mäi Kokedama?

netzen: Wann en dréchen a liicht ass, gëtt de Kokedama an eng Schossel mat Waasser gesat bis e sech erëm vollgesaugt huet, duerno dréckt dir e liicht aus. Dat dauert an der Reegel eng 15 Minutten a muss all 1-2 Woche gemaach ginn. Reewaasser ass meeschtens besser fir Planze wéi Krunnewaasser.

Luut: Wéivill Luut e Kokedama brauch hängt natierlech vun der Planz of. Dës Informatioune fannt dir ganz einfach um Internet. Wann dir awer nach Froen hutt, dann zéckt net mir ze schreiwen!

düngen: Och dat hängt vun der Planz of. Dir sollt bei deene meeschten awer heinsdo flëssegen Dünger mat bei d’Waasser maache wann dir äere Kokedama aweecht.

Ennersetzer: Am beschte stellt dir se op en Ennersetzer mat e puer Sténg dran fir dass et keng Flecken op d’Miwwel ginn an de Kokedama och vun ënnen otme kann.

Tipp: Wann eng Planz Blieder mécht, heescht dat dass hir Wuerzelen och an der Rei sinn. Wann dat net de Fall ass, da musst ee kucken ob se ze hell/donkel steet oder zevill/ze man genat gëtt. Et kann och sinn dass se einfach nett méi genuch Buedem huet.

E Kokedama hält an der Reegel 1-3 Joer. Duerno kann een e vergréisseren oder opschneiden an an en Dëppe setzen.

__________
Kokedama is japanese for “moss ball”. It’s an old technique, which is pretty popular in Japan. It is basically a ball made of a soil mix, wrapped in moss. The moss helps keeping the soil moist so the plant can grow well.

How do I take care of my Kokedama?

watering: When your Kokedama feels light and dry, you should put it in a bowl with water until it soaked the water up; after that, you squeeze out excess water (softly). This usually takes like 15 minutes and should be done every 1-2 weeks. Rainwater is usually better suited for plants than tap water.

light: How much light a Kokedama needs depends on the plant. You can find information on this online. Don’t hesitate to contact me if you still have questions though!

fertiliser: This depends on the plant as well. You should add liquid fertiliser to the soaking water from time to time.

coaster: You should use a coaster so you don’t get stains on your furniture and for the Kokedama to be able to breathe from underneath.

tip: When a plant grows leaves usually means that its roots are doing well too. If this is not the case you should check if you put it in a place that is too dark/light or if you water it too much/not enough. It could suffer because it does not have enough soil anymore as well.

A Kokedama can usually last for 1-3 years. After that you can enlarge it or cut it open and put it in a container.

Bewertungen

Es gibt noch keine Bewertungen

Schreibe die erste Bewertung zu “Kokedama Geldbam”

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert